Fondatioun Kriibskrank Kanner Kanner aus dem Cycle 1 spenden no Billerausstellung 4.430 Euro

D'Kanner aus dem Cycle 1 vun Schëtter aus der Schoul "An der Dällt" hu bei enger flotter Biller-Aktioun Sue fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gesammelt.

D'Kanner aus dem Cycle 1 vun Schëtter aus der Schoul "An der Dällt" hu sech et net huele gelooss, fir mat vollem Asaz a vill Freed Biller ze molen an dorausser eng Ausstellung ze maachen. Bei der Ausstellung hunn déi kleng Kënschtler 4.430€ gesammelt mam Verkaf vun hire Wierker. Den Erléis hunn d'Kanner un Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent.