Stau op der Escher AutobunnAccident tëscht engem Bus a 4 Autoen op der A4

E Méinden de Moie koum et op der Escher Autobunn zu engem Accident, dee gréisser Problemer am Trafic ausgeléist huet.

Bei der Opfahrt Féiz a Richtung Stad hate sech 4 Autoen an e Bus ze pake kritt.

Et ass kengem eppes geschitt, ma well d'Iwwerhuelspur deelweis fir de Verkéier gespaart war, ass et op dëser Plaz zu gréissere Problemer am Beruffsverkéier komm.

An der Lonkescherstrooss an der Stad haten e Méinde géint 10.30 Auer 2 Gefierer sech ze pake kritt. Eng Persoun ass blesséiert ginn.

E Méinden de Moien géint 7.15 Auer hat et an der Avenue de Luxembourg zu Käerjeng gerabbelt. 2 Autoe waren net laanschtenee komm. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.

E Sonnden den Owend hat et no 23 Auer och op der Escher Autobunn op der Héicht vu Leideleng gerabbelt. Zwee Autoe waren anenee gerannt. Wéi den 112 mellt, goufen zwou Persoune blesséiert.