VIDEO: Police judicaire beoptraagtGebai zu Kënzeg huet e Mëttwoch nees ugefaang mat brennen

Um Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu engem Brand an engem Restaurant zu Kënzeg komm. D'Feier huet sech e Mëttwoch de Moien nees nei entfacht.

Gebai zu Kënzeg huet e Mëttwoch nees ugefaang mat brennen (08.11.2017)
Um Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu engem Brand an engem Restaurant zu Kënzeg komm. D'Feier huet sech e Mëttwoch de Moien nees nei entfacht.


Zeien haten d'Feier gemellt an d'Pompjeeë vun Déifferdeng, Kënzeg, Käerjeng a Péiteng goufen op d'Plaz geruff.

Déi concernéiert Strooss gouf gespaart. Dowéinst war och d'Stréck Héiweng - Kënzeg an och den Zentrum vu Kënzeg ze evitéieren.

D'Brandursaach ass nach net gekläert. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf geruff an no éischten Ermëttlungen gouf, op Uerder vum Parquet, d'Police judicaire mam Fall beoptraagt.

Gebai zu Kënzeg huet e Mëttwoch nees ugefaang mat brennen (08.11.2017)
Um Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu engem Brand an engem Restaurant zu Kënzeg komm. D'Feier huet sech e Mëttwoch de Moien nees nei entfacht.


Wéi et vun der Police heescht, hätt sech d'Feier e Mëttwoch géint 11 Auer nees nei entfacht. Deemno dierft och d'Strooss wéinst de Läschaarbechten op en Neits gespaart sinn.

Den 112 mellt iwwerdeems en zweet Feier e Mëttwoch géint 10.30 Auer. Zu Ëlwen an der Sportshal gouf et Feier am Elektreschen.