Bommemenace zu BeetebuergBaumaart Globus no Evakuatioun nees op

Nom falsche Bommenalarm am Baumaart zu Beetebuerg huet d'Police d'Gebai nees fräi ginn. D'Personal hat awer refuséiert, fir d'Aarbecht nees opzehuelen.

Um 14 Auer ass de Globus nach ëmmer net fir d'Clienten op© Domingos Oliveira

De Responsabele vum Baumaart krut um Donneschdeg de Moien eng Bommemenace erageschéckt an hat doropshin decidéiert, de Baumaart ze evakuéieren.



D'Police huet antëscht de Baumaart nees fräi ginn. D'Personal fillt sech awer net sécher, woufir se net all nees eragaange sinn, fir ze schaffen, sou en Aenzeien op der Plaz. Theoretesch wier de Buttek nees op, mä well d'Personal awer refuséiert an d'Gebai ze goen, wier de Buttek aktuell nach zou.