Gutt Policeaarbecht17 Abriecher zanter leschtem Freideg in flagranti erwëscht

Nodeems d'Police an de leschte Woche verstäerkt um Terrain aktiv ass, konnte bannent 1 Woch 17 Abriecher / Déif op frëscher Dot erwëscht ginn.

© Police

Desweidere konnte 8 bis 10 Persounen ermëttelt ginn, nodeems Fangerofdréck an DNA-Spuren ausgewäert goufen, déi d'Täter bei anere Strofdoten hannerlooss hunn.

Wou goufen dës Woch Leit festgeholl?

  • Den 3.11 - 2 Ladendiebe in Luxemburg
  • Den 4.11 - 3 Einbrecher in Moerstroff
  • Den 5.11 - 1 Einbrecher in Soleuvre
  • Den 6.11 - 4 Einbrecher in Luxemburg
  • Den 6.11 - 1 Einbrecher in Esch
  • Den 6.11 - 3 Ladendiebe in Luxemburg
  • Den 7.11 - 2 Einbrecher in Strassen
  • Den 8.11 - 1 Einbrecher in Allerborn

D'Police ass no deene Succèsen weiderhin op d'Hëllef vun der Bevëlkerung ugewisen. Falls also engem eppes Ongewéinleches a senger Noperschaft opfält, soll ee w.e.g. net zécken den 113 unzeruffen.