Gemengerot BiissenGoogle-Datenzenter: Wichteg administrativ Hürd am Dossier gouf geholl

Et geet méi konkret ëm de Reklassement vun engem Terrain zu Biissen op deen den Datenzenter soll stoe kommen.

Google-Datenzenter: Wichteg administrativ Hürd gouf geholl (07.01.2019)
Dobäi geet et ëm den Ufank vun der Prozedur, dass den Terrain reklasséiert kéint ginn.
Virun annerhallwem Joer war et d'Nouvelle, dass den amerikaneschen Internetkonzern säi gréisste geplangten Datenzenter an Europa zu Lëtzebuerg géif bauen. Bis haut ass dat awer nach ëmmer net confirméiert. E Méindeg war awer de Biisser Gemengerot beieneen an huet d'Prozedur vum PAG eestëmmeg lancéiert, fir dass de concernéierten Terrain um "Busbierg" ka reklasséiert ginn, dat allerdéngs ënner gewësse Konditiounen.



Ënnert anerem solle virum zweeten obligatoresche Vott, souwuel d'Regierung wéi och eng Rei Ministèren, hir Hausaufgabe maachen, sou d'Fuerderung vum Biisser Gemengerot. E Méindeg krut dëse vum Buergermeeschter Jos Schummer an engem Expert vun engem Bureau d'étude d'Resultater vun den aktuellen Etüde virgestallt, mat am Mëttelpunkt der strategescher Ëmweltprüfung. Et war d'Präzisioun, dass et eng eenzeg Zone spéciale gëtt, an déi eenzeg Aktivitéit déi vun engem Datenzenter ass, sou de Buergermeeschter. D'Etüden, déi iwwert déi eigentlech Prozedure vum PAG erausginn, lafen zanter 2 Joer op Héichtouren. Ënnert anerem sinn de Bau vun enger Strooss a Kompensatiounsmesuren um Site selwer virgesinn.
Bannent 10 Deeg muss d'Decisioun vun e Méindeg public gemaach ginn. D'Bierger hunn dann 30 Deeg Zäit fir en Abléck an den Dossier ze kréien an Avisen ofzeginn. Dono kënnt et zum 2. obligatoresche Vott.

© Jeannot Ries


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.