Klierf soll net zur Schlof-Stad ginnZanter e puer Woche rumouert et ferm am Éislek

Klierf wier eng Stad, déi lues a lues entschléift, well ë.a. d'Apdikt, déi geplangte Maison Medicale, d'Post an d'Raiffeisen op Maarnech solle plënneren.

© RTL Radio Lëtzebuerg / Annick Goerens

D'Union Commerciale vu Klierf hat dofir e Mëttwoch den Owend eng Versammlung zesumme mam Buergermeeschter organiséiert, fir d'Leit aus der Gemeng z'informéieren an ze berouegen.

Infoversammlung: De Reportage vu Klief vum Annick Goerens



Bierger a Geschäftsleit fäerten nämlech Affer vun der Globaliséierung ze ginn, an duerno an enger ausgestuerwe Stad ze liewen.

En Dar am A vun de Geschäftsleit ass och d'Situatioun mat de Parkingen, der et bei wäitem net genuch géife ginn.

D'Loft wor déck, mä et huet sech keen Donnerwieder entlueden. Diskussioune woren op engem ganz rationalen an héiflechen Niveau. D'Gemeng stéing net alleng mat der Problematik do. Och aner Uertschaften hätte mam selwechte Phänomen ze kämpfen.



D'Kommunikatioun mat den Bierger an den Geschäftsleit wär net ëmmer ideal gewiescht, huet de Buergermeeschter Emile Eicher zouginn. Dat géing een elo änneren.

Klierf ass schwaach, mä net dout an et wëll liewen, dat hunn engagéiert Bierger e Mëttwoch den Owend definitiv gewisen.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.