ClierfBrigangen duerch Asaz vun Zeie gepëtzt

Bei enger Firma war agebrach ginn an déi Leit, déi dat an Uecht geholl hunn, sinn der Camionnette mat de geklaute Saachen dran nogefuer ...

Abroch op Ouschterméindeg am Nomëtten um Site vun enger Firma zu Clierf.

D'Police hat gemellt kritt, datt Onbekannter mat enger Camionnette fortgerannt wieren. D'Leit, déi ugeruff haten, sinn deem Gefier a Richtung Maarnech nogefuer.

E puer Policepatrullen hu sech dru gehaangen a kruten d'Camionnette um Enn am Rondpoint Fridhaff gestoppt.

Et goufen effektiv eng Rei geklauten Objeten dra fonnt.

D'Gefier gouf saiséiert. 3 Persoune goufe verhaft a koumen den Dënschdeg Moie bei den Untersuchungsriichter.