LCD BTS Media WritingEemol alles mat vill Begeechterung

Beim Döner King zu Dikrech setzt een op frësch Wuer a mënschleche Service. E Portrait.

De kurdeschen Türk Nedim Ince bei der Aarbecht a sengem Restaurant op der Nummer 41 an der Grand-Rue zu Dikrech.

„Qualitéits-Kebab“, dat héiert sech jo schonn immens un, mä wou gëtt et dat haut nach? D'Äntwert fënnt een - ënnert anerem - zu Dikrech! Beim kurdeschen Türk Nedim Ince, dee säit 2 Méint de Buttek „Döner King“ iwwerholl huet, gëtt ee mat engem Laachen an enger häerzlecher Wiermt begréisst.

Scho beim Rakomme fillt ee sech direkt akzeptéiert.

Donieft zielt d’Qualitéit zu enge vun senge wichtegsten Eegenschaften. Dat mierkt een virun allem un der Frëscht vu senge Produiten, hei zielt virun allem, dass alles hausgemaacht ass. Wou aner Leit zu fäerdege Produite gräifen, mécht hie seng Zosen a säi Brout selwer. Dat kascht hien all Dag 3 Stonne Virbereedung, wat net grad wéineg ass, wann ee bedenkt, dass hien all Dag den Trajet vu Konz an Däitschland bis op Dikrech hannert sech bréngt.

Mä net nëmme seng Zäit, och säi ganzt Häerzblut stécht an dësem Betrib an a senger Aarbecht. Fir hien zielt: "Egal wat ech maachen, ech maachen et mat Häerz", wat seng Clienten natierlech ze schätze wëssen.

Erfarung bréngt den „Döner-King“ aus dem Metzler- an Bäcker-Beräich mat, wat zimlech gutt Viraussetzunge sinn, fir ee „perfekten“ Döner ze presentéieren.

Aus dësem Grond kommen déi meescht Clienten och gären zréck, éischtens fir vu senger optimistescher Oder ugestach ze ginn, an zweetens natierlech fir säin eenzegaartegt Brout ze genéissen.

Ween elo Loscht kritt huet an eng Kéier an der Nordstad ënnerwee ass, ka sech jo iwwerzeegen, well mam Nedim Ince a senge Geschäftspartner am Döner King kann een nëmme gewannen.

Gudden Appetit!

Dësen Artikel ass geschriwwe ginn am Kader vun engem Workshop vum LCD BTS 'Media Writing', den 8. Februar 2019.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.