Traversini neie Buergermeeschter?Gréng Luucht fir Koalitiounsverhandlungen zu Déifferdeng!

Déi Gréng, d'LSAP an d'CSV wëllen no de Sondéierungsgespréicher eng Koalitioun vun gläichberechtegte Partner forméieren.

De Marcel Meisch© Dan Hardy

D'Dräier-KOalitioun schéngt Schoul ze maachen: an der politescher Kris zu Déifferdeng zeechent sech eng Léisung of, andeems de Koalitiounspartner vu bis ewell, Déi Gréng net méi mat der DP an d'Koalitioun ginn, an domat déi Blo d'Rudder an der drëttgréisster Gemeng am Land aus der Hand ginn.

Den neie Buergermeeschter an der Successioun vum liberale Claude Meisch heescht dann och net John Hoffmann, wéi u sech virgesinn, mä wuel Roberto Traversini vun deene Gréngen.

No den entspriechenden negative Voten géint den designéierten Buergermeeschter an déi zwee DP Cheffen Meisch Senior an Bürger hu sech déi 3 Sektiounen vun CSV, LSAP an Déi Gréng en Donneschdeg den Owend gesinn an de Wee fräi gemeet fir d'Gréng, Rout- Schwaarz Dräier-Koalitioun (Kenia zu Déifferdeng).

D'Fro um Freideg de Moien un den Tom Ulveling vun der Déifferdenger CSV wéi een dann elo d'Koalitiounsverhandlungen ugeet, zanter de Gemengewahlen 2011 ass jo ewell eng Zäit vergaangen...?!

Tom Ulveling: Ech menge mir musse Punkt fir Punkt déi sämtlech Domainen duerch goen. Ech menge jiddwer Partei huet verschidde Sensibilitéiten, verschidde Saachen déi hinne ganz wichteg sinn... aner Saache sinn hinne vläicht bësse manner wichteg, an da muss ee kucken eben e gemeinsame Pakt do ze ficeléieren, deen een och ka finanzéieren. Well et geet net duer, dass een alles wéi an der Vergaangenheet hei ëmmer annoncéiert, an dann dono net mécht. Ech menge mir wëllen e realistesche Programm hunn a mir wëssen och, dass mer an deem Tempo wéi mer virdru gefuer sinn, net kënne weider fueren, well och déi finanziell Moyenen net méi do sinn. An ech mengen et muss och lo an Zukunft geplangt ginn sou dass et realistesch ass.

Wat de Poste vum Buergermeeschter ugeet, do ass et dem Tom Ulveling no kloer, dass et e Mann muss sinn deen d'Dossiere kennt a sech net nei muss era schaffen. Den Här Traversini wier do de richtege Choix.

Den Tom Ulveling (CSV)



Wéi déi 3 gewëllt Koalitionären schreiwen, géifen Neiwahlen Stëllstand an e Vakuum vum Pouvoir an der Gemeng bedeiten, duerfir d'Optioun vun der neier gréng-rout-schwaarzer Koalitioun, iwwert déi dann och elo iwwert de Weekend zu Déifferdeng verhandelt gëtt. Mat der DP gëtt net diskutéiert.

D'Déifferdenger Dräier hätt 10 Sëtz bei 19 Conseilleren.


Offiziell gouf dat esou matgedeelt:

Am Donnerstagabend trafen sich die drei Parteien, die zusammen im Differdinger Gemeinderat über eine Mehrheit der 19 Sitze verfügen, in ihren jeweiligen Parteigremien um über das weitere Vorgehen zu beraten. Nachdem der DP am 8. Januar 2014 mehrheitlich das Vertrauen entzogen worden ist, sind sich die drei Parteien CSV, Déi Gréng und LSAP dahingehend einig, dass schnellstens eine Lösung für die politische Krise in Differdingen gefunden werden muss.

Nach ersten Sondierungsgesprächen, die sehr positiv und zukunftsorientiert verliefen, werden die drei Parteien sich am Wochenende zusammensetzen undihre programmatischen Schwerpunkte gemeinsamzwecks einer Koalition zu besprechen.

CSV, Déi Gréng und LSAP sind sich bewusst, dass die drittgrößte Stadt Luxemburgs sich kein Machtvakuum leisten kann und werden selbstverständlich ihre Verantwortung gegenüber der Gemeinde Differdingen und ihren Bürger/innen übernehmen. Deshalb soll schnellst möglich eine Koalition unter gleichberechtigten Partnern auf Augenhöhe gebildet werden, wo das Gemeinwohl im Mittelpunkt stehen wird.

Die jeweiligen Parteigremien gaben ihren Verhandlungsdelegationen am Donnerstag folgerichtiggrünes Licht für weitere Verhandlungen.

Datt déi 3 Parteien um Donneschdeg mat hire jeeweilege Gremien zesummekéimen, fir nom Refus vun den 3 DP-Kandidaten iwwert déi verfuere Situatioun an der Minettegemeng ze schwätzen, war jo gewosst. Den éischte Schäffe vun Déifferdeng, de Roberto Traversini vun déi Gréng, wollt um Donneschdeg de Mëtteg am RTL-Interview deene Gespréicher awer net virgräifen. Och net bei der Fro nom Buergermeeschterposten. Hie géif sech eng unanime Decisioun wënschen, sot den neien Deputéierten. Duerfir misst ee mat senge Leit schwätzen. Eent wier op alle Fall sécher, mat him géif Déifferdeng net zeréckgoen, sou de Roberto Traversini.

Déi Lénk vun Déifferdeng fuerderen hirersäits um Freideg de Mëtten, dass iwwer politesch Inhalter sollt diskutéiert an Neiwahlen och a Betruecht sollte gezu ginn. Well déi 3er-Koalitioun awer wahrscheinlech ass, géifen déi Lénk dës Gespréicher konstruktiv-kritesch begleeden.

Meisch a Kersch reagéiere kuerz

D'Changementer un der Gemengespëtzt zu Déifferdeng si jo bedéngt duerch de Wiessel vum Claude Meisch an d'Regierung. Dee wollt en Donneschdeg de Moien – um Bord vun enger Kommissiounssëtzung an der Chamber – d'Situatioun net kommentéieren. Hie wier traureg an net frou. Et misst elo zu Déifferdeng gekuckt ginn, wéi een do eraus kënnt. Am Interessi vun der Stad Déifferdeng hofft de Claude Meisch, datt d'Situatioun séier gekläert gëtt a ka geschafft ginn.

De Claude Meisch (09/01/2013 - 12h30)

Den Inneminister Dan Kersch wëll d'Situatioun zu Déifferdeng och net bewäerten. Et wär eng souverän Decisioun vum Gemengerot, déi hien net ze kommentéieren hätt. Déifferdeng hätt e Buergermeeschter faisant-fonction an e Schäfferot, dee ka schaffen.

Den Dan Kersch (09/01/2014 - 12h30)



RÉCKBLÉCK

Kënnt et zu Neiwahlen an der Gemeng Déifferdeng oder awer eng Dräierkoalitioun? Déi 3 Kandidaten John Hoffmann, Marcel Meisch a Pascal Bürger goufen um Mëttwoch refuséiert. Nodeems de Marcel Meisch zu Déifferdeng fir d'DP als neie Gemengeconseiller vereedegt ginn ass, war hie Kandidat fir ee vun den zwee fräie Schäffeposten.

Deen zweete Kandidat war de Pascal Bürger. An enger Sitzung à huis clos gouf iwwer déi zwou Kandidaturen ofgestëmmt, grad ewéi iwwer déi vum John Hoffmann als Kandidat fir neie Buergermeeschter ze ginn. Fir de John Hoffmann waren et 8 Jo- an 9 Nee-Stëmmen. Fir de Pascal Bürger war et 8 Jo zu 9 Nee-Stëmmen. Méi signifikant war de Vote beim Marcel Meisch: 7 Mol Jo an 10 Mol Neen.

De Michel Braquet huet bei deem Vote zesumme mat der Oppositioun gestëmmt, well hien kee Vertrauen an déi 3 Kandidaten huet. Nom Vote huet hien och offiziell demissionéiert.

Zur Erënnerung: De Michel Braquet war d'virlescht Joer vun der LSAP bei d'DP gewiesselt. No der Demissioun bei der DP geet dee Sëtz nees zeréck un d'LSAP.

Och de Georges Liesch vun déi Gréng hat géint de Marcel Meisch gestëmmt.

Nodeems déi 3 Kandidaten John Hoffmann, Marcel Meisch a Pascal Bürger refuséiert goufen, haten e Mëttwochowend Gréng, CSV an LSAP schonn éischt Gespréicher.

Um Dësch läit elo d'Formatioun vun enger Dräier-Koalitioun, sou datt Gréng-Rout-Schwaarz kéint d'Geschécker vun Déifferdeng an Zukunft leeden, respektiv och d'Optioun vun Neiwahlen.

Bei deene Gréngen ass et kloer, datt een net wëll op zwou Schinne fueren an net elo wäert parallel mat der DP verhandelen.

Den Tom Ulveling (CSV)



Sollt et awer net zu enger Koalitioun kommen, wieren Neiwahlen eng Optioun.

Dat wär och ganz am Sënn vun der Piratepartei, déi fuerdert, datt den 25. Mee 2014, zesumme mat den EU-Wahlen zu Neiwahlen an der Gemeng Déifferdeng kënnt. Op Facebook huet d'Partei eng Säit lancéiert "www.facebook.com/neiwahlen.deifferdeng" wou all Mënsch sech un där Fuerderung bedeelege kann.

Éischt Reaktioun vum Marcel Meisch nom Eclat



De John Hoffmann (l.) an de Roberto Traversini (r.)© Dan Hardy


Wat denken d'Awunner vun Déifferdeng?

Virgeschicht

E Mëttwoch de Mëtteg sollt zu Déifferdeng, der drëttgréisste Stad zu Lëtzebuerg, op Säite vun der DP iwwert d'Kandidature vum neie Buergermeeschter a zwee nei Schäffen ofgestëmmt ginn. Et goung ëm d'Successioun vum DP Buergermeeschter Claude Meisch, deem säi Poste fräi gouf, nodeem hien an d'Regierung gewiesselt ass. Am Schäfferot muss de John Hoffmann ersat ginn, dee seng Kandidatur gestallt hat, fir neien Déifferdenger Buergermeeschter ze ginn. An et gëllt de Jean Lorgé z'ersetzen, deen am Dezember, demissionéiert hat.

Kandidate fir d'DP als Schäffen no ze réckelen, waren de Marcel Meisch, de Papp vum Claude Meisch an de Pascal Bürger. Et war awer speziell d'Kandidature vum Marcel Meisch, déi fir Polemik suergt.

De Marcel Meisch war bei de Gemengewahle vun 2011 den 9. gewielten. Hien hat awer deemools op ee Mandat am Déifferdenger Gemengerot verzicht, well mat sengem Fils Claude, schonn ee Member vun der Famill am Gemengerot war.

D'Fro huet sech gestallt ob hien dann awer elo kéint no réckelen. Neen hat de viregten Inneminister gemengt, wou géint säin Nofolger Dan Kersch am Dezember déi Decisioun awer réckgängeg gemaach huet. Am RTL Interview erkläert den Dan Kersch wourop hie sech baséiert huet.

Dan Kersch: Engersäits op de gesonde Mënscheverstand, dee seet, firwat hätt den Här Meisch Marcel net dierfen an de Gemengerot kommen... ma aus dem ganz einfache Grond well säi Bouf schonn am Gemengerot war, an do ass eng Incompatibilitéit do. Déi Incompatibilitéit ass net méi do, doduerch dass den Här Meisch Junior lo an der Regierung ass... seet de gesonde Mënscheverstand, da misst dee Mann u sech kënnen noréckelen. Déi zweet Ursaach, déi fir mech awer och ganz wichteg ass, dat war u sech de Wielerwëllen. De Wielerwëllen huet ganz kloer decidéiert, dass e léiwer den 9ten am Gemengerot huet, wéi den 11t Gewieltenen. An och dat war eppes, wou ech mech inspiréiert hunn. 

Nieft dem gesonde Mënscheverstand, esou den Inneminister, hätt hien awer och gepréift wéi dat Ganzt juristesch geregelt ass:

Dan Kersch: Well mer an eise Gesetzer keng kloer Regelung hunn, hu mer gekuckt op et keng international Traitéë géif ginn, déi jo bekanntlech hierarchesch iwwert eise Gesetzer ugesidelt sinn. An esou en internationalen Traité hu mer dann och fonnt, dee Lëtzebuerg ratifizéiert huet, an zwar 1983. Dat ass de pacte international relatif aux droits et politiques et civiques, an do steet ganz kloer dran, dass keng Persoun däerf dru gehënnert ginn wéinst restrictions déraisonables fir en ëffentlecht Amt unzehuelen.

Et ass och falsch, huet den Dan Kersch nach betount, ze behaapten, hien hätt sech fir seng Decisioun ënner Drock setze gelooss, speziell vum fréieren Déifferdenger Buergermeeschter.

Dan Kersch: Ech kann iech just soen, dass ech weder vum Här Meisch hei influenzéiert ginn, och net vun de Parteikollege vu mir vun der LSAP. Ech hunn déi Decisioun hei sou geholl, wéi ech se fir richteg fannen, a wéi ech se och mat menge Servicer hei ofgekläert hunn.

D'LSAP an CSV Oppositioun am Déifferdenger Conseil hunn am Kontext vun de Kandidaturen iwwer déi de e Mëttwoch Mëtteg a huis Clos of gestëmmt gëtt, am Virfeld vun ondemokrateschen Zoustänn a vu Bedruch um Wieler geschwat, well de potentiellen neie Buergermeeschter, bei de leschte Gemengewahlen nëmmen 7. Gewielte war, an déi zwee nei Schäffen, nëmmen 9. respektiv 10. Gewielten.

De Reportage vum Diane Klein (08/01/2014 - 12h30)



© Dan Hardy

Ass d’Koalitioun tëscht DP an déi Gréng nach handlungsfäeg?

Déi Fro stellt sech den Ament d’LSAP an d'CSV, déi erstaunt sinn iwwert dat, wat an de leschten Deeg geschitt ass.

Mat der neier Besetzung am Schäfferot hätt de Bedruch um Wieler säin Héichpunkt erreecht. Dem Claude Meisch säi Papp, 9.-Gewielten, géif elo erakommen an hätt et op de Kulturressort ofgesinn. Et géif drëm goen dass dass de Kulturdéngscht vun der Stad weider laanscht de Gemengerot ka gefouert ginn. Chef vun deem Service wier de François Meisch, Fils vum designéierte Schäffen.
 
Och mam Buergermeeschter géif d’DP ee Mann proposéieren, dee souguer an den eegene Reien ëmstridden ass.
 
A villen anere Gemenge wieren déi politesch Wiessel séier an ouni Gedäisch iwwert d’Bühn gaang, just net zu Déifferdeng. D’Behuele vun der DP wier onverantwortlech a géif der Stad schueden.

Och d'CSV Déifferdeng ass der Meenung, datt bei der DP Déifferdeng scho laang net méi demokratesch Prinzipien ugewannt ginn. Sou eng zerstridden Equipe kann dem Bierger net gerecht ginn. Och fir déi Gréng géing et Zäit ginn Stellung ze bezéien a Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

No 10 Joer „Meischerismus“ an engem Scholdebierg, dee sech verzéngfacht hätt, giff d'DP-Comédie an eng Tragédie ausaarten. D'CSV-Déifferdeng wier awer der Iwwerzeegung, datt Déifferdeng keng Ierfmonarchie a kee Familljebetrib ass. D'DP soll direkt ophale mat den ondemokrateschen „Machenschaften“ oder demissionéieren!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.