Feier 2 Verwonnter bei Kichebrand an der Groussgaass zu Déifferdeng

An der Groussgaass hat et um Samschdeg an der Mëttesstonn an enger Kiche gebrannt. Zwou Persoune goufe verwonnt.

Da goufen et nach zwéin Accidenter.

Zu Déifferdeng, op der Streck fir an dat franséischt Héiseng, waren zwéi Ween géint 12.30 Auer kollidéiert.

Ëm 15.40 Auer sinn zu Steebrécken an der Schëfflenger Strooss zwéin Autoen net laanschtenee komm. Bei béiden Accidenter blouf et beim Materialschued.