International Schoul zu DéifferdengHuet d'Léierpersonal net genuch Parkméiglechkeeten zur Dispositioun?

Den CSV-Deputéierte Paul Galles huet den Educatiounsminister Meisch dat an enger "question parlementaire" gefrot.

De Minister verweist drop, datt bei der Conceptioun vum Lycée 2012 festgehale gi wier, datt d'Gebai kee Parking fir d'Enseignante géing kréien.

Et sollen awer 150 Plazen an engem Parkhaus gelount ginn, dat d'Gemeng Déifferdeng baut a wat am September 2020 soll opgoen.

Allgemeng wier d'Schoul notamment wéinst der Proximitéit zur Gare och gutt un den ëffentlechen Transport ugebonnen, sou nach de Minister.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.