Flavio BeccaVun Diddeleng geet et op Hesper!

De Mäzen vum F91 klasséiert d'Aussoe vun den Diddelenger Gemengeresponsabel als Opportunismus a wëll elo säi Revéier wiesselen.

Flavio Becca: Vun Diddeleng geet et op Hesper! (03.12.2018)
De Mäzen vum F91 klasséiert d'Aussoe vun den Diddelenger Gemengeresponsabel als Opportunismus a wëll elo säi Revéier wiesselen.
Et ass definitiv, sot de Flavio Becca e Méindeg op RTL-Nofro. De Mäzen vum F91 zitt sech an den nächsten zwee Joer lues a lues aus dem Diddelenger Futtball-Club zeréck a geet op Hesper.

De Flavio Becca hat sech d'Deadline jo bis den 1. Dezember gesat, fir eppes Konkretes vun der Diddelenger Gemeng proposéiert ze kréien.

Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana hat e Samschdeg den Owend an der RTL-Sportemissioun gesot, datt ee schonn d'nächst Joer am Stade Jos Nosbaum géif Renovatiounsaarbechten ufänken. Wann een da bis en Terrain fonnt hätt, géif een och e neie Stadion kënne plangen.

De Flavio Becca klasséiert déi Ausso vum Buergermeeschter, RTL géigeniwwer, als rengen Opportunismus. De Mäzen hätt de Gemengeresponsabelen zum Beispill proposéiert, en neie Stadion beim Stade Aloyse Meyer ze maachen, do, wou aktuell och schonn d'Akademie vum F91 ass. Et hätt just een Terrain misse kaf ginn. De Wëlle wär awer net do gewiescht. No eiser Publikatioun vun dësem Artikel huet den Diddelenger Buergermeeschter eis matgedeelt, datt "d'Gemeng" den Terrain beim Meyer an d'Spill bruecht hätt.

Am Hesper Gemengerot stoung e Méindeg de Budget 2019 am Mëttelpunkt. Awer och de Wiessel vum Flavio Becca op den Holleschbierg. Den Hesper Buergermeeschter Marc Lies huet betount, dass am Budget keen neie Stadion virgesinn ass. Just wier ageplangt, fir an de bestoende Stadion ze investéieren.

De 56 Joer ale Geschäftsmann géif den Diddelenger Futtball-Club awer an engem gudden Zoustand verloossen, esou de Flavio Becca.



Den Diddelenger Buergermeeschter sot RTL um Dënschdeg de Moien, datt een den eventuellen neie Stadion fir den F91 duerchaus um Stade Meyer kéint envisagéieren. Dat ganzt géif awer net esou séier goen, wéi de Flavio Becca sech dat virstellt. Fir d‘éischt missten do jo dann nach Acquisitioune vun Parzelle gemaach ginn, an da géifen déi üblech Prozeduren mussen duerchlaf ginn. Dofir wär et net méiglech an 2 Joer schonn eppes neits do stoen ze hunn, esou den Dan Biancalana.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.