ZeienopruffBuschauffer an d'Gesiicht geschloen - Foto vum Täter public

Den 28. Januar 2017 géint 22.30 Auer gouf op der Linn 111 (Lëtzebuerg-Iechternach) e Buschauffer ouni Grond vun engem Passagéier an d'Gesiicht geschloen.

© Police

De Mann war an der Stad an de Bus geklommen an huet sech hannen an de Bus gesat. Zu Iechternach ass en op der Bus-Gare erausgeklommen an huet dobäi dem Chauffer eng mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen.

Nodeems d'Police bis elo kee Succès bei der Identifikatioun vun dem Täter hat, freet se elo d'Hëllef aus der Bevëlkerung.

© Police


Ween Informatiounen iwwert d'Identitéit vum Mann huet, soll sech w.e.g. bei der Police Iechternach mellen, dëst um Telefon 2447-2200.