SprangprëssessiounJos Scheuer lancéiert Petitioun, fir nees e schoulfräien Dag ze kréien

Excusen, déi Schüler ufroe mussen, fir kënnen derbäi ze sinn, wann d'Sprangprëssessioun net an eng Vakanz fält, géifen dem Unesco-Ierwen net gerecht ginn.

De fréieren Iechternacher Buergermeeschter an LSAP-Ostdeputéierte Jos Scheuer huet elo eng ëffentlech Petitioun lancéiert, fir datt de Péngschtdënschdeg nees e schoulfräien Dag am ganze Land ass.

DE LIESERBRÉIF vum Jos Scheuer mat ville Commentairë vu User.

Déi individuell Excusen, déi d'Schüler ufroe mussen, fir kënnen derbäi ze sinn, wann d'Sprangprëssessioun net an eng Vakanz fält, géifen dem immateriellen Unesco-Ierwen, dat d'Evenement ass, net gerecht ginn. D'Regierung, stellt de Jos Scheuer am Text vun der Petitioun fest, hätt net deen néidege Respekt an déi néideg Sensibilitéit, fir eng Traditioun, déi déif an der reliéiser a kultureller Geschicht vu Lëtzebuerg verankert ass.

Well d'Sprangprëssessioun zanter Januar 2010 zum immaterielle Kulturierwe vun der Unesco gehéiert, gëtt d'Regierung mat der Petitioun opgefuerdert, hir Positioun z'iwwerdenken. D'Petitioun ass nach am Gaang iwwerpréift ze ginn.

Réckendeckung kritt de fréiere Gemengepapp vun den Organisateure vum Willibrordus-Bauveräin an dem aktuelle Buergermeeschter Yves Wengler, déi an der selwechter Saach scho beim Staatsminister aktiv gi waren.

Link: Die Echternacher Springprozession 2019 bedroht : Pacta sunt servanda !

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.