AristonDenkmalschutz, privat Investisseuren? Wéi geet et mam Kino zu Esch weider?

Wei geet et virun mam alen Ariston zu Esch. De Kino deen 1962 seng Dieren eng éischte Kéier opgemaach huet ass elo zanter 2016 zou.

Den Ariston zu Esch (08.02.2019)
Denkmalschutz, privat Investisseuren? Wéi geet et mam Kino zu Esch weider?

D’Gemeng wollt d’Gebailechkeete kafen, mécht dat elo awer net. Privat Investisseure sinn interesséiert an de Kulturministère préift, op d’ Gebai ënner Denkmalschutz gesat gëtt.

© Pierre Weimerskirch (RTL)

Zanter 2016 ass an der Diskussioun, dass d‘Oeuvre Paroissiale, eng Associatioun Sans But Lucratif, d‘Gebai verkeeft, riets geet vun engem Präis vun e puer Milliounen Euro.

D‘Gemeng wollt den Ariston opkafen, de neie Schäfferot wéilt dëst awer elo net méi. E privaten Investisseur deen Interessi huet d’Gebai ze kafen, huet haut an engem Artikel am Tageblatt gefuerdert de Kino misst erhale bleiwen an huet dofir beim Kulturministère rezent eng Demande gemaach fir d’ Gebai schützen ze loossen. Eng Kommissioun vu Site et Monument huet ee positiven Avis ofginn.

© Pierre Weimerskirch (RTL)


D’Kulturministesch waart op den Avis vun der Gemeng Esch, éier eng Decisioun geholl gëtt. D’Gemeng Esch wollt e Freideg op Nofro net soe wei hiren Avis ausfält, et gouf op eng Pressekonferenz e Méindeg verwisen.

© Pierre Weimerskirch (RTL)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.