Op NeijoerschdagOp en Hoer an der Sauer ënnert dem Stauséi erdronk ...

E Méindeg de Mëtteg géint 12.30 Auer gouf den 112 driwwer informéiert, datt eng Persoun am Gaange wier an der Sauer bei Esch-Sauer ze erdrénken.

© Administration des services de secours / Facebook
An der Sauer bei Esch-Sauer war eng Persoun am Waasser a seriöe Problemer.

Direkt goufen all Mëttel agesat, fir se ze retten.

D'Affer konnt sech awer nach aus eegener Kraaft un d'Ufer retten.




De Police-Helikopter huet d'Persoun do lokaliséiert.

18 Fräschmänner vun der Administration des services de secours, ënnerstëtzt vum Zenter vun Esch-Sauer, hunn d'Persoun aus dem géie Rampli geholl, esou datt se vun den Ambulanciere vu Wolz an dem Samu aus dem Norde betreit konnt ginn.

Si ass "saine et sauve", wéi d'Administratioun op Facebook schreift.

© Administration des services de secours / Facebook


An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, d'Persoun wier am Stau bei Esch-Sauer gewiescht, si war awer an der Sauer bei Esch-Sauer. Mir bieden dat ze entschëllegen.