Kanner a FamilljenhëllefAktioun Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen a Rumänien

2 950 Liewensmëttelkëschten goufe gesammelt.

© Charel Reiser
Kanner a Familljenhëllef mat Sëtz zu Olm, organiséiert all Joer eng Collecte vun Liewensmëttelpäck, déi fir Chrëschtdag un aarm Familljen a Rumänien verdeelt ginn, an dat duerch déi international Hëllefsorganisatioun „Triumph des Herzens“. Dëser Deeg konnten net manner wéi 2 950 Liewesmëttelkëschte mat op de Wee geschéckt ginn, an domat benodeelegt Familljen a Rumänien e schéine Chrëschtdag z'erméiglechen. D’Organisatore vun deenen dräi groussen Sammelplaze vun Olm, Hamiville a Merscheid soen all deene Leit am ganzen Land, déi esou hëllefsbereet ënnerstëtzt hunn, sief et mat Spenden, enger gefëllter Këscht, Spillsaachen, waarme Decken, asw., e ganz grousse Merci. Déi aarm Familljen a Kanner a Rumänien wäerte sech freeën iwwert déi gesammelt Saachen an och bestëmmt op Chrëschtdag un eis denken.