ADRJean Schoos fir d'3. Kéier als Parteipresident confirméiert

D'ADR hat um Sonndeg de Moien hiren Nationalkongress zu Schous, e Kongress op deem de Jean Schoos fir d'3. Kéier als Parteipresident confirméiert ginn ass.

ADR Nationalkongress: d'Wahlen 2018, fest am Aen. (19.03.2017)
'Mir weisen de Wee fir Lëtzebuerg', wann dat net no Wahlkampf-Slogan kléngt. D'ADR wier déi eenzeg wierklech politesch Alternativ fir Lëtzebuerg.

De Vote fir de Jean Schoos war kloer: 91 mol Jo, 4 mol Nee an 1 Enthalung.

A senger Ried huet hien ënnerstrach, datt en 1,1 Milliounen-Awunner-Staat just gebraucht gëtt, fir den aktuelle Rentesystem ze finanzéieren ouni eppes u senger Ausriichtung z'änneren.

Extrait Jean Schoos um ADR-Kongress

Aner Sujete vun de Riedner waren de Wunnengsmaart, d'Immigratioun an d'Trennung vu Kierch a Staat.

D'ADR gesäit sech als wierklech politesch Alternativ fir Lëtzebuerg. Si wier eng jonk Partei, eng flott Partei mat grousser Frëndschaft, déi radikal éierlech wier, an déi de Wahle vum nächste Joer mat Zouversiicht géif entgéintkucken.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.