Wäimaart zu MaacherE Freideg ass déi 87. Editioun zu Gréiwemaacher opgaangen

E Freideg de ganzen Dag iwwer ass am Sport- a Kulturzentrum zu Gréiwemaacher déi 87. Editioun vum Wäimaart.

Vu Moies 10 bis Mëttes um 12 a vu 16 bis 21 Auer kann een ënner anerem de Wäi vun 2016 schmaachen. Donieft gëtt et eng Rieslings-Lounge an de musikaleschen Encadrement vum "Swing Minor Quartet".