Brav Automobilisten ënnerweeKee vun den 211 kontrolléierte Chaufferen hat eppes gedronk

Op Uerder vum Parquet goufen en Donneschdeg den Owend tëscht 20 an 22.30 Auer zu Hiefenech an zu Biwer Alkoholkontrollen duerchgefouert.

211 Chauffeure goufen ugehalen. A kengem eenzege Fall war den Test positiv.