24. a 25. November"Wanterzäit" zu Jonglënster am Centre Polyvalent

Zu Jonglënster kann ee am November a "Wanterstëmmung" bréngen.

Bei ronn 20 Aussteller fann Dir flott handgemaachte Chrëschtdagscadeauen fir Kleng a Grouss. Sief et Lëtzebuerger Iesswueren, fir selwer eng Corbeille ze maachen, oder flott Arrangementer, Kannergezei, Petzien, Seefen, Holzaarbechten a villes méi. Gënnt Iech e Stéck hausgemaachte Kuch an eppes ze drénken an enger schéiner Chrëschtambiance mat Musek. Fir eis jonk Visiteure steet déi zwee Deeg e Moldësch bereet. Och dëst Joer stellen erëm eng Rei Schoulklassen aus der Gemeng hir selwergerëschte Chrëschtbeemercher aus. Kommt kucken wat d’Kanner sech dëst Joer afale gelooss hunn. Beim Chrëschtbeemerchersconcours kënnt Dir fir äre Favorit ofstëmmen. Kommt bei eis laanscht kucken!

Wéini?

De 24. & 25. November 2018 zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein

Samschdes: 14.00 – 18.00 Auer | Sonndes: 10.00 – 18.00 Auer

Den Entrée ass gratis

Weider Informatiounen op www.sijunglinster.lu