Briddel a Mamer203 Chauffere bei Policekontroll ugehal, 4 hate gedronk

Op Uerder vum Parquet gouf et um Dënschdeg den Owend Alkoholskontrollen um Briddel an zu Mamer.

Tëscht 20 an 23 Auer hunn am Ganzen 203 Chauffere misste blosen. A 4 Fäll war den Test positiv, dovu kruten der 3 e Protokoll.

Et krut awer keen de Führerschäin ofgeholl.