Et wor emol ... zu Lëtzebuerg"De Weidendall" elo am Replay

D'Reportage-Serie ëmmer dënschdes géint 19.25 Auer, also kuerz virum Journal, op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu - an duerno am Replay.

Et wor emol zu Lëtzebuerg - "De Weidendall" (04.12.2018)
Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen déi een scho bal vergiess hat.

1885 hat de franséische Schampesfabrikant Mercier d’Iddi, sech zu Lëtzebuerg z’etabléieren, fir iwwert den däitschen Zollveräin och no Däitschland kënne bëlleg z’exportéieren.

De Mercier-Mataarbechter Edgar Cossé krut dunn 1886 den Optrag, eng Filiale zu Lëtzebuerg opzebauen a Weidekierf fir d‘Verpackung vun de Schampesfläschen a grousse Quantitéiten ze produzéieren. Zu Koplescht gouf dunn zu dësem Zweck e groussen Areal opkaaft, an am Hierscht 1895 ass d’Weiden-  an d'Kuerfproduktioun feierlech ageweit ginn. An esou ass laanscht d'Mamer eng reegelrecht Weidenindustrie op enger Fläch vu ronn 42 Hektar entstanen.



Eng sëllechen Awunner vu Koplescht an Ëmgéigend hunn do eng Aarbecht krut an eng 45'000 Kierf pro Joer produzéiert.
1908 ass den Direkter Edgar Cossé mat 52 Joer gestuerwen. Hie gouf sengem Wonsch no um Hollerecher Kierfecht begruewen. Säi Wierk awer am Weidendall huet hie bis 1928 iwwerlieft. An deen, deen haut laanscht d'Mamer zu Koplescht spadséiert, dee kann nach sou munch Spure vun dëser Zäit aus der Belle-Epoque entdecken.     

    

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.