Grouss Fotogalerien a VideoHäerzlechen Accueil fir groussherzoglech Koppel an der Fiels

Nieft dem Grand-Duc an der Grande-Duchesse haten och vill Politiker de Wee an d'Fiels fonnt an hunn ee ganz waarmen Empfang erlieft.

D'groussherzoglech Koppel gouf e Freideg den Owend fir 18 Auer an der Fiels erwaart. Wéi gewinnt besicht si all Joer eng aner Uertschaft am Land: D’lescht Joer war et Beetebuerg, d’Joer virdru war et Ëlwen a virdru Munneref oder nach Rouspert.

Groussherzoglech Koppel an der Fiels (22.06.2018)
Den héije Besuch krut um Virowend vun Nationalfeierdag en häerzlechen Accueil.


Dëst Joer war et wéi gesot d’Fiels an dat hat eng gewësse Symbolik. D’Uertschaft am Mëllerdall ass no der Haaptstad déi, wou den Undeel un Auslänner dee gréissten ass. Mat der Visitt an der Fiels gouf op dat gutt Zesummeliewen hei am Land opmierksam gemaach. Dat e puer Méint viru Chamberwalen an am Kontext vun engem Walkampf, dee méi wéi gewinnt identitär a souguer reaktionär Elementer a sech huet.

FOTOGALERIE: Ganz vill flott Fotoen aus der Fiels vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.



D’Zesummeliewen oder d’sozial Kohäsioun sinn Themen, déi vun enger Rëtsch Politiker schonns als wichtegste Sujet vum Walkampf deklaréiert goufen.

© Domingos Oliveira


Zeréck zum Programm: Nom Cortège an der Fiels an der Visitt vun e sëlleche Monumenter an Haiser goungen op der Bleech-Plaz d’Festivitéite lass.

© Domingos Oliveira/RTL


Um 19.30 Auer huet d’groussherzoglech Koppel d’Fiels erëm verlooss.

Den offiziellen Optakt vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag war um 16 Auer mat der "Relève de la Garde" virum Palais.

“Relève de la Garde” virum Palais (22.06.2018)
D’Festivitéite ronderëm Nationalfeierdag sinn e Freideg ugaangen. Den offiziellen Optakt war um 16 Auer mat der “Relève de la Garde” - Ambiance-Biller.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.