Donneschdeg, 23. MäerzLiesung zu Leideleng: "7 X Smart"
Direkt 7 Auteure vun de klengen "Smart"-Bicher liesen am Kulturzenter "An der Eech". Fir de musikalesche Kader suergt d'Nadine Diedenhofen um Saxophon.
Vun RTL
De Cercle Culturel & Historique vu Leideleng a Kremart Edition invitéieren op d'Liesung: "7×Smart" en Donneschden, 23. Mäerz um 19.30 Auer zu Leideleng am Kulturzenter "An der Eech" am Sall Rob Roemen (6, rue Eich).
Aus hire Smart-Bicher liesen:
Julie Vinandy-Schmit: Magnificat (Smart 5) Alain Atten: D'Kuebennascht (Smart 6) Yorick Schmit: Paenitentia (Smart 7) Luc Marteling: iPremier (Smart 8) Tom Decker: D'Tilly (Smart 9) Christiane Ehlinger: 't ass d'Liewen! (Smart 12) Karin Goedert: Maacht mir keen Ouer! (Smart 16)
Moderatioun: Christiane Kremer
Fir de musikalesche Kader suergt d'Nadine Diedenhofen um Saxophon!
Den Entrée ass fräi a fir ze drénken ass gesuergt.
Am Kontext vun der Liesung weist de Cercle Culturel & Historique vu Leideleng och nach eng kleng Ausstellung mat Plakater iwwer Leidelenger Manifestatiounen. Déi ass just deen Dag vu mëttes 14 Auer un ze gesinn.