Gemeng LeidelengDemande net recevabel, keen Nei-Auszielen a keng Neiwahlen

An der Gemeng Leideleng kënnt et no de Gemengewahlen vum 8. Oktober net zu engem neien Ausziele vun de Wahlziedelen an och net zu Neiwahlen.

PDF Recours beim Verwaltungsgeriicht

D’Verwaltungsgeriicht huet decidéiert, dass eng entspriechend Demande vum 10.-Gewielten op der Lëscht, Guy Folschette, als net recevabel erkläert misst ginn.

Hien hat méiglech Irregularitéiten beim Wahlresultat evoquéiert, mä säi Recours ze spéit eraginn, heescht et an der Argumentatioun vum Geriicht. Dësen hätt missten bannent 5 Deeg an via en Affekot eragereecht ginn.

Et bleift deemno zu Leideleng beim Wahl-Resultat vu 5 Sëtz am Gemengerot fir d’Equipe vun der Buergermeeschtesch a bei 4 Sëtz fir d’Oppositioun.


Wahlen Resultater


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.