KaffispausE flotten Ament ënner Noperen am Garer Quartier a Bouneweg

Zanter Mëtt Januar gëtt et zu Bouneweg an der Buvette vun de Rotonden all Freideg e Kaffistreff an dat kënnt bei de Bouneweger gutt un.

© Nicolas Uhler

E gudde Kaffi um Wee fir op d’Schaff oder op d’Uni, wee wënscht sech dat net. An der Buvette vun de Rotonden zu Bouneweg gëtt genau dat all Freideg vun 8 bis 10 ugebueden. Eng flott Geleeënheet fir d’Leit aus sengem Quartier ze begéinen, mat deenen ee soss net an d’Gespréich géing kommen.

De Service vum Travail Communautaire vun Inter-Action organiséiert zu Esch-Uelzecht, Diddeleng a Bouneweg eng Rei Aktivitéiten, fir d’Leit aus der Noperschaft zesummenzebréngen.



Den Nicolas Uhler, Assistent social bei Inter-Actions, huet e genaut Zil virun Aen, an zwar d'Anonymitéit ofzeschafen: "Mir wunnen all hei zu Bouneweg oder op der Gare, firwat solle mer eis net kenneléieren".

Och Leit, déi net zu Bouneweg wunnen, mä zum Beispill um Wee fir op d’Schaff bei der Gare laanscht ginn, sinn tëscht 8 an 10 Auer fir e Kaffi wëllkomm. Am Quartier Gare/Bouneweg sinn awer och wieder Projete geplangt. All 2. Mëttwoch gëtt am Bouneweger Jugendhaus e "Repas presque-parfait" organiséiert. Deen nächsten ass den 13. Abrëll, wou Leit vu verschidden Nationalitéiten a verschidden Alter zesummekachen.  En anere Projet ass eng Nohëllef fir Kanner am Däitschen, deen un e Zumba-Cours fir Erwuessener gekoppelt ass.

Ween eege Projete fir d'Quartiere Gare/Bouneweg huet, kann dës op der Internetsäit www.quartier-news.lu am Eventkalenner public maachen. Op dëser Säit fannt Dir och weider Informatiounen zum Kaffistreff.

© Nicolas Uhler


Bouneweger Kaffistreff / Reportage Monica Camposeo