LuxConFantasy, Science Fiction, Horror: 4. Editioun vun der LuxCon

Den 22. an 23. Abrëll war déi véiert Editioun vun der LuxCon, dës Kéier am Forum Geesseknäppchen an der Stad.

D’"Geek-Kultur" ass och zu Lëtzebuerg ganz beléift. Dëst ass sech d’Science Fiction a Fantasy Society Lëtzebuerg bewosst gewiescht, an huet dowéinst d’LuxCon organiséiert. Fans vu Bicher, Sendungen, Filmer, Spiller a villes méi konnte sech op der LuxCon treffen an op dës Manéier hir Passiounen ausliewen. 

D’lescht Joer hunn iwwert 3.400 Leit de Wee bis op d’LuxCon am Centre Culturel Schungfabrik zu Téiteng fonnt. Fir den Aussteller a Visiteuren dëst Joer méi Plaz ze ginn, fir sech auszetoben, gouf d'Evenement dës Kéier an de Forum Geesseknäppche verluecht. Déi zentral Lag mécht d'Urees och méi einfach, well och vill franséisch an däitsch Interesséierter dëse Weekend de Wee bis op d'LuxCon fonnt hunn.  

Op dräi Stäck konnten zum Beispill Artisten, Auteuren a nach aner Gäscht hir Wierker virstellen a sech mat de Visiteuren ënnerhalen. Verschidden Evenementer sinn och iwwer de ganze Weekend gelaf, wéi zum Beispill Star Wars-Atelieren oder e Cosplay-Showcase. Gamers konnte soss och am Gaming Area al esou wéi nei Video-Spiller spillen oder am Makerspace konnten d’Kënschtler hiren eegene Comic opbauen.

Shoppe konnt een op der LuxCon och ganz gutt: ob Bicher, T-Shirts, Accessoiren oder Figuren, vill Merchandise hunn déi verschidde Stänn ugebueden.

Ganz vill Leit waren dëst Joer natierlech och als hir Lieblingsfiguren aus ganz verschiddene Welte verkleet. Ob Personnagen aus Star Wars, dem Comic-Universum, Mangaen oder Video-Spiller, vill Cosplayer hunn dëse Weekend hiert Talent bewisen. F


PDF: Programmheft.

De ganze Programm an all weider Informatioune fënnt een och op www.luxcon.lu.

LuxCon 2016 (16.04.2016)
LuxCon 2016


May the Force be with you ...

RTL.LU: Eisen Artikel iwwert d'LuxCon 2016.



FOTOGALERIE: Mangaen, Star Wars, Harry Potter: Andréck vun der LuxCon 2016 zu Téiteng vum Jean-Paul Frisch a Luc Marteling.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.