LuxtramDe Weekend kann een en 1. Tour mam Tram maachen

Den nächste Weekend kann een sech e Bild vum neien Tram maachen. Dann ass nämlech Porte Ouverte am neien Tramsschapp um Kierchbierg.

En Dënschdeg goufen et op enger Pressekonferenz Detailer iwwert den Oflaf vun deenen zwee Deeg. D'Leit kënnen ee Bléck hannert d'Kulisse vum Tram geheien, et sinn dat ënnert anerem Visitte vum Schapp, wéi och vum Gebai an dem d'Administratioun vu Luxtram ënnerbruecht ass.

Héichpunkt dierft allerdéngs eng éischt Faart mam Tram selwer sinn. Dee Moment héiert een och eng éischte Kéier déi eenzel Melodien, déi an Zukunft agespillt ginn, wann den Tram op deene veschiddenen Arrêten stoe bleift. E Samschdeg an e Sonndeg mécht den neien Tramsschapp seng Diere vu Moies 10 bis Owes 18 Auer op. Well ronderëm de Site d'Parkplaze limitéiert sinn, fueren am fënnef bis 15 Minutten-Takt Busnavetten vun deene verschiddene P&R, d.h Sud, Bouillon, Adenauer, souwéi vum Glacis, der Place de l'Europe, vun der Gare a vum Hamilius op de Kierchbierg.



Déi zwee Deeg iwwer ass och um Site selwer vum Tram vill lass. Nieft Animatiounen an Aktivitéite fir Kanner sinn och Foodtrucken op der Plaz an et triede verschidde Kënschtler op. Den Intressi ass elo scho ganz grouss. Bis ewell hu sech nämlech net manner wéi 4.000 Leit fir d'Porte Ouverte ageschriwwen. Dat kann een och weiderhi maachen op luxtram.lu.