Stad LëtzebuergDéi nei elektresch Locatiounsvëloe kommen Enn November

Vu freides den 30. November u wäert d'Halschent vun de Statioune mat eBikes equipéiert sinn.

Déi nei elektresch Locatiounsvëloe kommen Enn November (06.11.2018)
Vu freides den 30. November u wäert d'Halschent vun de Statioune mat eBikes equipéiert sinn.
Zweemol hat d‘Installatioun vun den neie Vëloe schonn dëst Joer musse reportéiert ginn, well den Exploitant JCDecaux net konnt liwweren.

Nächsten Donneschdeg fänken d'Ëmbauaarbechten op den éischte Statiounen un. Dat op der Paräisser Plaz a bei der Gëlle Fra.

Bis spéitstens den 10. Dezember sollen all d'Statiounen - dat sinn der iwwer 100 an der Stad an an de Gemengen Hesper a Stroossen - nei elektresch Vëloen hunn. 17 nei Statiounen kommen der dobäi, sot de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt en Dënschdeg de Moien.

De Patrick Goldschmidt

Eleng an der Stad gëtt et 94 Statioune mat 860 Vëloen.

Déi nei Vëloen hunn eng Autonomie vun 30-40 Kilometer an eng maximal Vitess vu 25 km/h. Si hunn 3 Gäng an och en USB-Chargeur fir den Handy opzelueden.

D'Stad Lëtzebuerg erhofft sech vill nei Clienten. Aktuell hunn iwwer 7.000 Leit e Joresabo. Et bleift derbäi, datt déi 1. hallef Stonn gratis ass. D'Joresabonnement geet vu 15 op 18 Euro an d'Luucht.

Extrait Patrick Goldschmidt (2)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.