Ze vill gedronkAm Restaurant mat Tellere geschmass a Läffelsgeschir matgeholl

An engem Restaurant op der Place d'Armes an der Stad hat e Mann e Mëttwoch um 16 Auer sech de Batti gestallt.

© Shutterstock
De Mann, deen däitlech ze vill gedronk hat, huet am Restaurant seng Contenance verluer. Aus dem Näischt huet hien ugefaangen, mat Telleren ëm sech ze schmäissen an ass dunn aus dem Restaurant gelaf, dat mat dem Besteck nach an der Hand. E puer Meter méi wäit huet hie Sträit mat enger Grupp Jonker ugefaangen, dës huet hie beleidegt, provozéiert an huet dunn d'Messer gezunn. Blesséiert gouf awer bei dësem Tëschefall keen.

Och vis-à-vis vun der Police war den alkoholiséierte Mann net wierklech kooperativ an huet si de ganzen Zäit beleidegt. Dat hat als Konsequenz, datt hie säi Rausch um Policebüro dierft ausschlofen.