BudgetsdebattenSchäfferot investéiert och 2019 an d'Zukunft vun der Stad Lëtzebuerg

De Schäfferot investéiert och d'nächst Joer an d'Zukunft vun der Stad Lëtzebuerg a reagéiert domadder och op d'Turbulenze weltwäit an an Europa.

© Didier Weber
Esou huet d'Presidentin vun der Finanzkommissioun hier Budgetspresentatioun 2019 ugefaangen; Turbulenzen duerch d'Migratiounen, déi méi Mënschen an d'Land bréngen, mee och duerch de Brexit, wéinst deem nei Entreprisen sech bei eis néierloossen, a Büroen a Wunnenge brauchen.

Et gëtt dofir weider Geld an de Logement gestach, d'DP- Conseillère Héloïse Bock zitéiert virum Stater Conseil, d'Beispiller Areler Strooss an deen neie Quartier, deen an d'Plaz vum Stadion gebaut gëtt, an den Ökologesche Quartier, deen op Hollerech wäert kommen.

600.000 Euro stinn elo emol fir d'Renaturéierung vun der Péitruss am Budget; fir de Parc, deen de Ban de Gaasperech an Zukunft méi gréng mécht, si 5,2 Millioune virgesinn.



An dann d'Mobilitéit: niewent méi Sécherheet op der Strooss, sollen d'Cycliste jo eng Vëlos-Bréck vum Cents op de Weimeschaff gezu kréien. D'Neiduerf géif mat engem Lift drugehaangen, een esou wéi am Pafendall. Well een awer bis elo keng adequat Terraine fonnt hätt, proposéiert d'Stater DP Conseiller Héloïse Bock, an hirer Budgetspresentatioun, eng modern Alternativ. Dës Alternativ soll iwwregens och am Büro vum Mobilitéitsschäffen en Thema sinn.

Extrait Héloïse Bock (DP) (03.12.2018)
Fir dem Wuesstem vun der Stad gerecht ze ginn, wäert de Schäfferot weider investéieren.

Dat an d'Beräicher Logement, Mobilitéit, bei de Schoulen a beim Encadrement vun de Kanner.



D'Finanze vun der Haaptstad gesinn am Allgemenge gutt aus, sou d'Hélöise Bock; de Minus vun 53,5 Milliounen am Budgetsprojet fir d'nächst Joer wier ouni Problem duerch d'Reserven  opzefänken. 2019 ginn zum Beispill 600.000 Euro an d'Renaturéierung vun der Péitruss investéiert; 5,2 Millioune si fir de Parc um Ban de Gaasperech am Budget ageschriwwen.

Den nächste Méindeg gëtt et um Knuedler d'Analys vun de Conseilleren.

© Didier Weber


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.