No Problemer mat BettwanzenD'Cinémathèque mécht den 11. Februar hir Dieren erëm op

Wéinst dem Verdacht op Bettwanzen hat d'Cinémathèque hir Diere vum 30. November u prophylaktesch zougemaach.

Enn November war wuel eng éischt Analys negativ ausgefall an et konnten deemools keng Bettwanzen (Punaises) nogewise ginn. D'Stad Lëtzebuerg wollt duerno awer op Nummer sécher goen an hat d'Cinémathèque vum 30. November u prophylaktesch zougemaach. Den 11. Februar geet d'Cinémathèque an der Stad elo nees op.

© Screenshot www.vdl.lu


Eréischt am Mäerz 2018 hat d'Cinémathèque wéinst Bettwanzen/Wandlais ee Mount laang mussen zoumaachen.

RTL-Artikel (November 2018): Verdacht op Bettwanzen: D'Cinémathèque an der Stad ass vun elo un zou!