Alkohol am SpillGeeschterfuerer provozéiert Frontalkollisioun zu Mamer

Um Sonndeg de Mëtteg géint 13.30 Auer koum et am Rond-Point op der Héicht vum Mamer Lycée op der Areler Strooss zu enger Frontalkollisioun.

Ee Chauffeur war als Geeschterfuerer an de Rond-Point gefuer. Wéi d’Police matdeelt, wier de Materialschued ganz héich.

De responsabele Chauffeur hat vill ze vill Alkohol gedronk, an dat net fir d'éischte Kéier.

Géint de Mann gouf eng Prozedur lancéiert.