Um Owend viru BratzelsonndegDe 25. Mäerz ass nees Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg

De 25. Mäerz ass zu Waasserbëlleg nees eng méi lass. D'Bëllia Bratzelgecken hu fir e Samschdenowend eng grouss Nuetskavalkad laanscht d'Musel organiséiert.

© Bëllia Bratzelgecken
Mat 8 Musekskapellen, 12 Foussgruppen a 40 Ween gëtt dat Ganzt sécher keng kleng Affär. Och den aktuelle Bratzelkinnek, den Eric I., wäert mat derbäi sinn. Lass geet et ëm 18.11 Auer.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.