Internationale Cyclocross zu PéitengVictoirë fir Christine Majerus a Marcel Meisen

Weider Resultater: Bei den Debutantë wënnt de William Lecerf, bei de Junioren de Jelle Vermoote.

Op Neijoerschdag stoung zu Péiteng een internationale Cyclocross um Programm.

Resumé vum Cyclocross zu Péiteng / Reportage Lynn Kayser



Bei den Häre konnt sech de Marcel Meisen no 2016 an 2017 eng weider Kéier an de Palmarès aschreiwen. Bei den Damme konnt d'Christine Majerus géint international Konkurrenz hir Victoire aus dem leschte Joer widderhuelen.

Victoirë fir Majerus a Meisen beim Cyclocross zu Péiteng (01.01.2018)
D'Christine Majerus konnt sech am Sprint géint d'Amerikanerin Elle Anderson duerchsetzen. De Marcel Meisen war kloer de Stäerksten a wënnt fir 3. Kéier noeneen.


Victoire fir de Marcel Meisen bei den Hären
53 Coureure ware bei den Hären e Méindeg de Mëtteg zu Péiteng mat dobäi. Bei ganz schwierege Wiederkonditioune konnte sech vum Depart ewech de Marcel Meisen aus Däitschland, de Joshua Dubau aus Frankräich an de Quinten Hermans aus der Belsch vun hirer Konkurrenz ofsetzen. Am 2. Tour konnt sech de Belsch dunn e liichten Avantage vun 18 Sekonnen erausfueren. Am 4. vun am ganze 7 Tier huet de Marcel Meisen du reagéiert an ass d'Lach no fir zougefuer.

© Val Wagner


Den däitsche Champion huet sech dunn un d'Spëtzt vun der Course gesat a seng Konkurrenten hunn hien nëmmen nach vun hanne gesinn. No ronn enger Stonn Course ass de Marcel Meisen fir d'drëtte Kéier hannerteneen zu Péiteng beim internationale Cyclocross als Éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer. Besser hätt d'Joer fir den Däitschen net kéinten Ufänken. Déi zweete Plaz ass fir den Espoir Joshua Dubau op 19 Sekonnen an drëtte gëtt de Quinten Hermans op 1 Minutt a 17 Sekonnen.

Beschte Lëtzebuerger gëtt iwwerraschent de Gusty Bausch. De Coureur vu Brouch konnt de Felix Schreiber am leschten Tour nach afänken a gëtt um Enn den 11. op iwwer 6 Minutten. De Gusty Bausch war no der Course méi wéi zefridden a schéngt no enger schwiereger Saison kuerz virum Championnat nees a Form ze kommen. De Préizerdauler Felix Schreiber, deen am éischte Joer Espoir ass, gëtt den 13. op 7 Minutten.



Christine Majerus wënnt am Sprint bei den Dammen
Bei den Damme ka sech d'Christine Majerus, no enger turbulenter Course, op en Neits duerchsetzen. Si hat e séieren Depart geholl a krut sech och séier ofgesat. Schnell hat si eng Avance vu 17 Sekonnen op d'Elle Anderson.

An der Mëtt vun der Course huet d'Christine Majerus dunn awer hir Kontaktlënse verluer a virum leschten Tour war d'Avance op 12 Sekonne geschmolt. Wéi d'Lëtzebuergerin dunn och nach gefall ass, ware Majerus an Anderson gläich op.

D'Entscheedung ass am Sprint gefall an do konnt sech d'Lëtzebuergerin behaapten. D'Elise Maes kënnt op déi 9. Plaz, d'Nathalie Lamborelle gëtt déi 10.

© Lynn Kayser


Hei de Podium:

1. Christine Majerus
2. Elle Anderson, Amerikanerin
3. Marion Norbert Riberolle, Franséisin

Schonn d'lescht Joer konnt d'Christine Majerus zu Péiteng gewannen.

De Samschdeg hat si jo och d'Coupe de France zu Flamanville dominéiert.

En Dënschdeg fiert d'Christine Majerus ee weideren internationale Cross, dat zu Meilen an der Schwäiz.

D'Dammecourse© Lynn Kayser


Weider Resultater:
Als Éischt sinn d'Debutanten zu Péiteng gefuer an do gëtt et dëse Podium:

1. William Lecerf, Belsch
2. Timothé Gabriel, Fransous
3. Philippe Reuter, Lëtzebuerger

© Lynn Kayser


Fir de William Lecerf ass et dës Saison déi 10. Victoire am Grand-Duché. De Belsch huet sech och net vun enger Chute am éischten Tour bremse gelooss. Am leschten Tour konnt hien nämlech bei den Timothé Gabriel opschléissen, huet de Fransous stoe gelooss an um Enn souverän gewonn.

De Philippe Reuter huet vun der Disqualifikatioun vum Elio Clarysse (Feeler am Materialposten) profitéiert an ass doduerch op déi 3. Plaz no vir geréckelt.

Bei de Juniore gëtt et dëse Podium:

1. Jelle Vermoote, Belsch
2. Arthur Kluckers, Lëtzebuerger
3. Hugo Jot, Fransous

© Lynn Kayser


Et war eng kloer Saach. De Belsch Jelle Vermoote huet sech direkt vum Depart ewech un d'Spëtzt gesat an ass do eng souverän Course gefuer. De Lëtzebuerger Arthur Kluckers ass eng gutt Course gefuer a gëtt op knapp 25 Sekonnen den Zweeten. Um Enn war de Lëtzebuerger an den techneschen Descentë mat ganz vill Bulli méi schwaach a konnt dem Gewënner net nogoen.

D'Course bei de Junioren© Lynn Kayser


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.