Zuchtrafic fiert neesBommenalarm zu Péiteng op der Gare opgehuewen
Wéi d'CFL e Méindeg de Mëtteg kuerz no 14.30 Auer matgedeelt huet, gouf zu Péiteng e Bommenalarm declenchéiert. Géint 16 Auer gouf dësen opgehuewen.

Den Zuchtrafic tëscht Péiteng a Rodange, wéi och an Direktioun Lëtzebuerg war ënnerbrach. Géint 16 Auer du gouf et Entwarnung vun der Plaz, den Zuchtrafic vun de Linne 60 a 70 war duerch d'Aarbechte vun der Hondsstaffel limitéiert. Den Trafic soll sech awer nees lues a lues normaliséieren.

Wéi d'Police confirméiert huet, hätt een näischt Verdächteges op der Gare respektiv ronderëm d'Gare zu Péiteng fonnt.
#CFLINFOS70 Circulation bloquée sur le tronçon. Circulation bloquée sur le tronçon.
— CFLinfos (@CFLinfos) February 11, 2019
Suite à une alerte à la bombe déclarée à Pétange, la circulation des trains est bloquée entre Pétange et Luxembourg ainsi qu'entre Pétange et Rodange jusqu'à nouvel avis.
D'Communiquéen
CFL
L’alerte à la bombe à la gare de Pétange a été levée vers 15h50, après confirmation des forces l’ordre. La circulation des trains des lignes 60 et 70, qui avait été limitée durant les recherches menées par la brigade canine, va reprendre progressivement.
Police
Update zu Polizeieinsatz am Bahnhof in Petingen - Entwarnung nach Alarm
Sowohl im Bahnhof und der direkten Umgebung konnte nichts Verdächtiges gefunden werden. Gegen 16.05 Uhr konnte Entwarnung fürs Bahnhofgelände gegeben werden. Ermittlungen wurden eingeleitet.