Member vu krimineller VereenegungPrisongsstrofe vu 4 Joer fir 3 Männer gefrot

Dat ass d'Strof, déi en Donneschdeg de Moien um Dikrecher Geriicht fir 3 Männer vun tëscht 31 an 48 Joer gefrot gouf.

© Archiv

Déi 3 Männer hate sech wéinst dem Virworf ze veräntweren, Member vun enger krimineller Vereenegung ze sinn. Deenen 3 goufe fir den Zäitraum vun Dezember 2016 bis August 2017 8 Abréch a Butteker an an Tankstellen am Norden, Osten a Weste vum Land (ënnert anerem zu Maartel, Rouspert an Uewerpallen) virgehäit. Dobäi waren Zigarette geklaut ginn, fir e Gesamtwäert vun ëmmerhi ronn 180.000 €.

Kriminell Vereenegung / Reportage Eric Ewald



Mat deenen Abréch wëllen d'Beschëllegt awer näischt ze dinn hunn, si, déi nach ni an hirem Liewen zu Lëtzebuerg gewiescht wären. E Polizist huet um Ufank vun der Sëtzung erkläert, dass ëmmer déiselwecht Virgoensweis virlouch: 3 bis 4 Männer hätten, mat Kappluuchten equipéiert, d'Dieren opgebrach a gréisser Quantitéiten Zigarette matgoe gelooss, fir tëscht ca. 6.000 a 46.000 €! Ënnert anerem wären een nämlecht Schongmuster op 4 Abrochsplazen an d'DNA-Spur vun engem Ugekloten um Wee fir heem fonnt ginn. Beim leschten Abroch war nämlech e GPS-Sender mat geklaut ginn. Deem seng Spur huet bei d'Beschëllegt a Frankräich gefouert. Am Kader vu Perquisitioune bei deenen 3 Virbestrooften doheem sinn ënnert anerem Zigarette mat lëtzebuergesche Steierbännercher fonnt ginn. Dës Zigarette wëllen déi 3 vun anere Leit kritt hunn. Woubäi dem Enquêteur no d'Abréch an där Form no deem leschten opgehalen hunn.

Nodeems 4 Affekote vu Parties civiles am Ganze ronn 70.000 € Schuedenersatz gefrot haten, huet de Me Weinquin vu falsche Beschëllegunge géint säi Client geschwat. D'Beweiser géint de Mann, deem seng DNA-Spur fonnt gi war, wären net iwwerzeegend, sou deem säin Affekot, woufir de Mandant sollt fräigesprach ginn. An och de Me Marc Becker, Affekot vun deenen zwee aneren, Monni an Neveu, huet hire Fräisproch verlaangt, well op den Abrochsplaze keng Spure vun hinne fonnt gi wären an d'Lëtzebuerger Zigaretten net vun Abréch stame géifen, mä vun engem Dealer.

Fir de Vertrieder vum Parquet gëtt et dogéint séier wuel Elementer zu Laaschte vun den Ugekloten, wéi d'DNA-Spur an d'Zigaretten aus dem Grand-Duché. Dofir wären déi 3 schëlleg an ze veruerteelen. Bei d'Prisongsstrofe sollt nach d'Confiscatioun vun ënnert anerem den Zigaretten dobäi kommen.

Den 13. Dezember gëtt d'Uerteel gesprach.