PoliceKläpperei op Bungerëffer Millen, 1 Persoun verhaft

D'Police mellt eng Kläpperei an engem Foyer op der Bungerëffer Millen. E Méindeg den Owend sinn do e puer Leit uneneegeroden.

© Archiv-Foto

Den Haaptschëllegen hat och eng Fënster ageschloen a sech dobäi blesséiert. Hie konnt immobiliséiert ginn, gouf an d'Spidol bruet an duerno verhaft. E Messer gouf saiséiert.