112Feier zu Bauschelt - 6 Persoune blesséiert

Um Freideg de Moie kuerz no 6 Auer huet zu Bauschelt en Haus gebrannt. Wéi den 112 mellt, goufe 6 Persounen hei blesséiert.

© Archiv

Ambulanze vu Réiden a vu Wolz hunn déi Blesséiert an d'Spidol bruecht. Och de Samu war am Asaz.

D'Pompjeeë vu Bauschelt, Wolz, der Stauséigemeng a vu Rammerech hu sech ëm d'Feier gekëmmert.

Weider Informatioune feelen nach.