FOTOEN - Wanterfeeling 2018Avant-goût op Chrëschtdag beim Suessemer Schlass

Virun der aussergewéinlecher Kuliss vum Suessemer Schlass huet d'Gemeng Suessem nees hir traditionelle Maart "Wanterfeeling" organiséiert.

Op sëlleche Verkafsstänn,  kulinaresche Spezialitéiten an Animatioun fir Grouss a Kleng, gouf wéi all Joer nees vill gebueden. De Wantermaart gehéiert zwar net an d'Kategorie Chrëschtmaart, ass awer schonn e klengen Avant-Goût op déi flott Zäit am Dezember. 

Beim dréche kalem Wieder hate vill Leit e Samschdeg profitéiert, fir en Tour iwwert dee schéinen Maart ze maachen a sech mat engem Glühwäin nees opzewiermen.

Den Henri Schwirtz war fir eis mat senger Kamera op der Plaz.

Wie Loscht huet, kann och um Sonndeg nach laanscht luusse goen. De Maart ass op vun 11 bis 18 Auer.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.