A13Chantier op der Bretelle Schëffleng-Féiz

Vum 24. bis de 25. Abrëll ass d'Sortie Schëffleng/Féiz, wann ee vu Péiteng kënnt, an d'Opfaart Direktioun Schengen gespaart.

Wéinst Aarbechten un der Kanalisatioun an um Reseau, ass d'Bretelle op der Sortie Schëffleng/Féiz, wann ee vu Péiteng kënnt an d'Opfaart vu Schëffleng a Richtung Schengen vum 24. Abrëll um 9 Auer bis de 25. Abrëll um 18 Auer gespaart.

PDF: D'Kaart vum Ponts et Chaussées