Remerschen27 Joer ale Mann ass an de Baggerweieren erdronk

E Samschdeg um 16 Auer gouf e jonke Mann vu Frënn als vermësst gemellt. De 27-Jährege war Zeienaussoen no an d'Waasser gaangen an net méi zeréckkomm.

© Mobile Reporter
No der Vermësstemeldung war den Zougang zu de Baggerweieren e Samschdeg am Nomëtteg gespaart ginn. D'Fräschmänner vun der Protection civile waren op d'Plaz geruff ginn an hunn eng gréisser Sichaktioun gestart. Um 18.50 Auer e Samschdeg den Owend hunn d'Daucher dunn d'Läich vum 27 Joer ale Mann an de Baggerweiere fonnt a gebuergen.

Eng Enquête soll elo déi genee Ëmstänn vum déidlechen Tëschefall klären.

Beim Mann, deen erdronk ass, handelt et sech ëm ee 27 Joer alen Awunner aus der Belsch. Éischten Informatiounen no vun der Police hat et geheescht, de Mann wär 20 Joer al.

Mann an de Baggerweieren ze Remerschen erdronk (01.07.2018)
Onkommentéiert Biller.