Professer Michel PaulyKonferenz "Vum Stolboom an d’Finanzparadis" zu Mënsbech

D’Kulturkommissioun vun der Gemeng Schëtter invitéiert en Donneschdeg ëm 20 Auer an d’Galerie vum Campus "an der Dällt" zu Mënsbech op eng Konferenz.

 De 24. Januar ass zu Mënsbech eng Konferenz vum Professer Michel Pauly mam Titel "Vum Stolboom an d’Finanzparadis".

D’Konferenz probéiert en Iwwerbléck ze ginn, iwwert déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung zu Lëtzebuerg vu 1945 bis haut. Wéi huet Lëtzebuerger Wirtschaft sech nom Krich erholl? Firwat ass d’Stolindustrie zesummegebrach? Wéi ass den Opschwonk vun der Bankeplaz z’erklären? Wat fir sozial Konsequenzen an déi ekonomesch Entwécklung?

Den Entrée fir d'Konferenz ass fräi.