Strooss a SchinnenTëschefall bei Miersch, Zuch- an Autotrafic betraff

Géint 13. Auer goufe bei Aarbechten zu Miersch eng Gasleitung getraff. Dowéinst goufen d'Stroosse gespaart, ma och d'Zich kënnen aktuell do net fueren.

© RTL (Archiv)
Aarbechter hu zu Miersch an der Géigend vun der Rouder Bréck beim Cactus eng Gasleitung getraff. Dowéinst huet souwuel missen d'Strooss gespaart ginn, awer och dierfen aktuell do keng Zich fueren, well den Tëschefall net wäit ewech vun de Schinne geschitt ass an d'CFL d'Elektresch huet missen ausschalten.

Op der Plaz ass et a béide Richtungen zu Problemer am Trafic komm, bis d'Gasleitung gefléckt war an d'Autoen, wéi och Zich, nees fuere konnten.

Ouverture incident

Type d'incident : Incident à proximité des voies
Lieu de l'incident : Mersch
Date de détection : 13:00
Ligne(s) concernée(s) : Ligne 10 - Luxembourg - Troisvierges - Gouvy
Durée estimée jusqu'à rétablissement du service normal : Plus d une heure
Moyen(s) de substitution rail :