An der Nuecht op en DonneschdegPolice huet Schwéiertransporter kontrolléiert

D'Beamte waren an der Géigend vun der Stad a vu Veianen ënnerwee an hunn ënnert anerem en Transport vun 120 an ee vun 158 Tonne kontrolléiert.

© Police
Transporter vun aussergewéinlechen Dimensioune musse vun der Verkéierspolice begleet ginn, dat well punktuell Stroosse gespaart musse ginn. Fir den Trafic net onnéideg ze stéieren, ginn déi Transporter nuets duerchgefouert.

An der Nuecht op en Donneschdeg huet d'Police e puer där Transporter kontrolléiert, ënnert anerem e Bagger vun 120 Tonnen an en Transformator vun 158 Tonnen.

Ee Chauffer huet seng Charge mussen nosécheren, duerft awer duerno weiderfueren.

Ëmmer rëm ginn déi extra Transporter kontrolléiert an dann "achseweis" gewien, fir sécherzestellen, datt se net ze schwéier sinn an eventuell Schied u Stroossen a Brécke géinge verursaachen.