VIDEO: FräizäitparkWäisswampech: Projet geet virun

Et ass en ambitiéise Projet: ee Fräizäitpark, mat Waasserschi, Kloterpark a Plage, mat engem Hotel,Konferenzraim, Chaleten a Bamhaiser.

Parc Wäisswampech: Projet geet virun (05.11.2018)
Et ass en ambitiéise Projet: ee Fräizäitpark, mat Waasserschi, Kloterpark a Plage, mat engem Hotel,Konferenzraim, Chaleten a Bamhaiser.
Am Fong sollten d'Baggeren am September urécken, mä doraus gouf näischt. De geplangte Fräizäitpark zu Wäisswampech stécht nach an de Geneemegungs- Prozeduren. An awer geet de Projet virun, seet op alle Fall den zoustännege Buergermeeschter. Hien a seng Majoritéit sinn dofir, d'Oppositioun ass dogéint, grad wéi eng Partie Leit, déi am Gaange wären, eng Biergerinitiative ze grënnen.

Ausser dem Funpark bleift de bal 20 Hektar groussen Areal zougänglech, dat wär ee Grondprinzip bei de Verhandlunge mam belsche Grupp Lamy, den den Terrain fir 25.000 Euro d'Joer lount, gewiescht, seet de Buergermeeschter.

Et géif ee grénge Projet ginn, keng Autoen um Areal, keng Stellplaze fir Roulotten, déi de Buedem versigelen. Global gesinn,  eng Beräicherung fir d'Regioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.