Gemengerot Gréiwemaacher: Revalorisatioun vun Zéintscheier

An der leschter Sëtzung vun der Mandatsperiode hat de Gemengerot vu Maacher gouf iwwer d’Revalorisatioun an d’Restauratioun vun Zéintscheier geschwat.

Aus engem vun den eelsten Haiser vu Maacher soll eng Maison des Jeunes ginn. An dësem Gebei, den Eck vun der Post- a Kirchestrooss,hunn d’Bauren a Wënzer an der Zäit missen en Zéngtel vun hirer Récolte - dohier de Numm Zéintscheier - dem Grof vu Lëtzebuerg iwwerloossen.

1635 ass ugefaang gi mat bauen, ma am Laf vun de Joerhonnerten koumen verschidden Ännerungen. Dobäi wor d’Haus an zwee getrennte Deeler gespléckt, engersäits  e grousse Raum fir ze stockéieren, op der anerer Säit en Wunn- respektiv Openthaltsraum. No der franséischer Revolutioun woren an der Zéintscheier eenzel Transformatiounen gemaach ginn, déi erlaabt hunn, neie Wunnraum ze schafen. Ënnenan gouf ee Geschäft installéiert.

2007 ass d’Zéintscheier mat ënner anerem engem gewëllefte Keller an engem impressionanten Renaissance-Trapentuer, op Virschlag vu Sites et Monuments, als national Monument klasséiert ginn. Deem huet den Architekt beim ausschaffe vum Projet verständlecherweis misse Rechnung droen, schliisslech geet et, no Aussoen vum DP-Buergermeeschter Robert Stahl, hei ëm d’Erhale vun engem kulturelle Patrimoine.

Den Haaptagank wäert an Zukunft am Haff sinn, ee Lift gëtt no baussen installéiert. An der Maison des Jeunes sollen an e puer Joer dräi Strukturen ënner engem Daach fonctionnéiren: eng Internetstuff, de CRIAJ, dat heescht de Centre de Rencontre d’information et d’action pour jeunes a schliisslech d’Action locale pour Jeunes.

Den Devis vum Projet läit bei 2,7 Milliounen Euro, allerdéngs kann d’Stad Maacher mat staatleche Subsiden bis zu 40 Prozent rechnen. Parallel gëtt deemnächst jo och d’Kirchestrooss nei aménagéiert, sou dass am Prinzip am Laf vum nächsten Joer d’Restauratiounsarbechten an der Zéintscheier ulafe kënnen. De Projet Zéintscheier ass eestëmmeg guttgeheescht ginn. Fir den CSV-Politiker René Haas, deen 24 Joer Member vum Gemengerot wor, dovunner 12 als Schäffen , wor et iwwregens déi lescht Conseilssëtzung.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.