Satirezeitung seet ÄddiDéi allerlescht Editioun vum Feierkrop kënnt um Freideg eraus

Et huet sech ausgekroopt. D'Nummer 1192 ass déi lescht Editioun.

Déi allerlescht Editioun vum Feierkrop kënnt um Freideg (20.12.2018)
Et huet sech ausgekroopt. D'Nummer 1192 ass déi lescht Editioun.


Leschte Feierkrop: De Reportage vum Pit Everling



25 Joer laang huet déi satiresch Wochenzeitung all Freideg mat pickegen Texter a provokante Karikaturen déi kleng a grouss Affairen aus dem Grand-Duché kommentéiert an op d'Schëpp geholl. Vill vun den Nimm, déi se dobäi de méi oder manner bekannte Perséinlechkeete ginn hunn, sinn haut an den normale Sproochgebrauch iwwergaangen.

De Coordinateur Jacques Drescher schwätzt vun enger gewësser Erliichterung, datt een elo kéint lassloossen. Zënter e puer Joer schonn hätt ee sech zesummen d'Fro gestallt, wéi et soll weider goen.

Am Gespréich: Jacques Drescher (20.12.2018)
Déi allerlescht Editioun vum Feierkrop kënnt um Freideg eraus.


Op alle Fall hätt ee sech missten nei erfannen, notamment wat d'Online-Offer ugeet. Dozou war een net méi bereet, esou de Jacques Drescher, fir deen et wichteg ass, datt een d'Zeeche vun der Zäit erkennt an zouspäert, iert een dozou forcéiert gëtt.

1993 am Hierscht ass alles ugaangen mam „neie Feierkrop“. Virleefer war de „Feierkrop“, eng Satirerubrik an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.

Um Freideg gëtt fir d'lescht am Feierkrop gestëppelt. De Bokassa, d'Petite Madame de Colmar-Montagne, d'Muppeschnëss, de Bëtschel, den Aufschneider oder och RTHell, si all kréien also lo mol net méi sou op d'Fanger geklappt.

Vläicht awer just fir eng Zäitchen, d'Cooperative bleift nämlech erhalen, seet de Jacques Drescher an am Fréijoer kuckt een, ob et eventuell nei Projete gëtt.

De leschte Feierkrop (20.12.2018)
25 Joer laang huet déi satiresch Wochenzeitung all Freideg mat pickegen Texter a provokante Karikaturen déi kleng a grouss Affaire kommentéiert.


Déi lescht Editioun kënnt um Freideg
Juhu, die Welt ist (überhaupt nicht) gerettet! Am Ende des schrecklichen Jahres 2018 kommt dann doch noch eine gute Botschaft. Und das ausgerechnet aus Polen: Die Welt wurde wieder einmal auf der Klimakonferenz gerettet, und die katholische Klimakämpferin Carotte von der Lügenwalder Mühle begab sich gleich zweimal an Ort und Stelle: mit dem Flugzeug statt mit dem Zug!

 

Andere Themen:

Leidartikel: Schmutzkruste

Süßwasserpiraten: Schweini will an den Trog der Macht

Portrait de vainqueur annoncé qui devient portrait du parfait loser

Mückentarzan Bëtschel

Nacktes Gewissen, oh du Fröhliche!

Petite Madame: Je tire Ma révérence

Gruselkabinett: „Loosst se lafen…“

Selbsttest: Alternativen zum Auto

Die Bilanz der grauen Maus der Grünen

 Was jetzt, wie jetzt, neues Jahr?

 In ewiger Dankbarkeit

 

Rubriken: À la Cour. Dee leschte Beschass. Fauxto. Gedicht fir euh maquillage.

Die letzte Ausgabe des Feierkrop erscheint am Freitag, dem 21. Dezember 2018.